Am Kader vun der historescher Ausstellung La révolution de 1974. Des rues de Lisbonne au Luxembourg huet den Nationalmusée um Fëschmaart d’Kënschtler Steven Cruz a Liliana Francisco invitéiert, sech am Programm ronderëm d’Ausstellung ze bedeelegen. Iwwer déi nächst Méint proposéiere se notamment verschidden Atelieren a Visite-guidéeën an hunn en illustréiert Begleetheft fir d’Ausstellung entwéckelt. Mir hunn eis getraff fir iwwert d’Zesummenaarbecht mam Musée an hire perséinleche Background ze schwätzen.
Dir sidd jo ganz involvéiert an eiser Ausstellung iwwert d’Nelkenrevolutioun, déi mir aus enger Lëtzebuerger Perspektiv ënnersichen. Firwat fillt dir iech ugeschwat vun dësem Sujet? Wat ass äre perséinleche Lien mat dësem Kapitel vun der Geschicht?
Steven: Fir mech ass et ëmmer wichteg wann d’portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg ugeschwat gëtt, zumools am Kader vun enger Expo an zumools well et ëm de 25. Abrëll geet. Dat ass jo de Grond firwat esou vill Portugisen op Lëtzebuerg komm sinn. Ech si ganz vill gewuer gi vu Saachen, déi ech net wosst. Ëmsou méi fannen ech et wichteg, datt déi Saachen an der Ëffentlechkeet gewise ginn. Et gëtt nach ëmmer e ganz grousse Stigma mat Portugisen zu Lëtzebuerg, si ginn nach vill diskriminéiert an net wierklech unerkannt fir dat, wat si sinn. Generell fannen ech, datt Portugisen ëmmer e bësse verklengert ginn. Duerch d’Expo kann ee verstoe firwat si esou gesi ginn. Et ass mega wichteg, datt d’Xenophobie, déi d’Portugisen erliewen, ugeschwat gëtt. Domadder kann ech mech befaassen, well ech selwer Portugis sinn a meng Eltere jo deemools an där Zäit heihinner komm sinn.
Liliana: Ech gesinn dat och esou wéi de Steven. Ech hu jo och de portugiseschen Heritage. Mir sinn Deel vu Lëtzebuerg, mee mir sinn awer och Deel vun enger spezifescher Communautéit zu Lëtzebuerg. Et ass ëmmer interessant déi Dynamik ze verstoen, wéi et iwwerhaapt dozou komm ass, datt esou vill Portugisen zu Lëtzebuerg etabléiert sinn, an ze verstoen, wéi déi ganz Diaspora entstanen ass. Ech wunnen elo geschwënn dräi Joer zu Lissabon, wou ech matkrut, datt de 25. Abrëll immens vill gefeiert gëtt. Ech krut dat awer doheem net wierklech mat, well meng Elteren et ni wierklech erwäänt hunn.
Steven: Ech hunn d’Gefill, datt déi Léit, déi
deemools komm sinn, mat enger Mentalitéit vun „ech kommen op Lëtzebuerg
fir ze schaffen“ komm sinn. Si adaptéieren sech net hei, awer da geet
d’Zäit och a Portugal weider, d.h. si adaptéieren sech weder hei nach
do, a gi weder hei nach do gutt ugesinn. Ganz vill Persounen, och a
menger Famill, hu sech net ugepasst, well se ëmmer am Kapp haten, „mir
wäerten zréckgoen, mir bleiwe just zéng Joer hei“. Si sinn dann an deem
Limbo a se gehéiere weder hei nach do.
Liliana: Et ass eng extrem hybrid Identitéit, déi
mir hunn, als Leit, déi eng portugisesch Ofstamung hunn, awer déi zu
Lëtzebuerg op d’Welt komm an opgewuess sinn. Mir hunn eng hybrid
Educatioun, mir verstinn awer weder dat eent ganz richteg nach dat
anert. Dowéinst ass et wichteg de Background ze kennen, firwat mir net
wierklech integréiert ginn. Dat ass eppes, wat an all Communautéite
geschitt wann een emigréiert. Et hannerfreet een seng eegen Identitéit:
Wat ass deemools geschitt? Vu wou kommen ech? Wat ass dat iwwerhaapt
Portugis ze sinn? Mir kréien dësen historesche Background an der Schoul
jo guer net mat. Dofir ass d’Ausstellung interessant: et ass net just
iwwer déi portugisesch Geschicht, mee de Lien mat Lëtzebuerg. Dat wier
interessant a Schoulen ze léieren: net just Lëtzebuerg, mee Lëtzebuerg
am „bigger picture“, am Zesummenhang mat der Migratioun, déi et hei
gëtt. Mir sinn e „melting pot“, et sinn net just Lëtzebuerger, net just
Portugisen, mir sinn esou vill méi.
Waart dir iwwerrascht, datt mir esou eng Ausstellung am
Nationalmusée proposéieren? Wat war är Reaktioun, wéi dir gefrot gouft,
fir bei der Expo matzemaachen?
Steven: Erstaunt ware mir wierklech an e bësse stolz, muss ech soen, dat ze gesinn an Deel dovunner ze sinn.
Liliana: Et ass eng Saach, wann een als Kënschtler
vun enger grousser Institutioun unerkannt gëtt. Et ass ëmsou méi
wichteg, wann een als portugisesche Kënschtler zu Lëtzebuerg unerkannt
gëtt. Mir si wierklech opgewuess mat der Wouerhuelung, datt mir als
Portugisen zu Lëtzebuerg net genuch sinn. Mir mussen ëmmer duebel esou
vill schaffe wéi déi aner fir kënnen esou gutt ze si wéi d’Lëtzebuerger.
Dofir ass d’Unerkennung fir mech duebel sou wichteg.
Steven: Dat ass wouer, datt mir zu Lëtzebuerg esou
opgewuess sinn, zumools an der portugisescher Famill. D’Eltere verlaange
vill vun dir, mee si hu guer keng Anung wat si vun dir verlaangen. Du
kriss Pressioun vun doheem an dann an der Schoul gëss du net
wouergeholl. Wéi oft krut ech vu Proffe gesot „aus dir wäert näischt
ginn“, zum Beispill.
Liliana: Dat stëmmt, den Drock kënnt och vun doheem.
Well eis Elteren an deem System vun Ënnerdréckung erzu goufen a well si
selwer iwwerzeegt sinn, datt si net gutt genuch sinn. Dat ass esou eng
Situatioun vu „mirroring“, wou een sech zeréckspigelt, wou een seng
eegen Identitéit a Fro stellt.
Spigelt sech dës hybrid Identitéit, déi dir virdrun erwäänt hutt, och an ärer eegener Konschtpraxis erëm?
Liliana: Absolut, ech si konstant an der Dualitéit,
sief et a menger Aarbecht, sief et mat mir selwer. Dat ass eng Thematik,
déi immens vill opkënnt. Ech verspieren, datt dat ganz vill a mir
verankert ass, dës hybrid Identitéit. An ze verstoe vu wou dat kënnt,
dat war net ëmmer kloer.
Steven: Alles wat ech maachen ass en Lien mat menge Roots. De Fakt, datt ech Portugis sinn, datt ech Deel vun der Queer-Community sinn, dat mëschen ech a menger Konscht. Du léiers och immens vill doraus, Konscht ass e bësse wéi Therapie. Du kanns vill domadder verschaffen.
Fir op ären Apport fir d’Expo ze kommen. Kéint dir eis e bëssi méi erzielen iwwer är Workshops a Visite-guidéeën, déi dir iwwert déi nächst Méint am Kader vun der Ausstellung wäert proposéieren? Wat erwaart de Visiteur?
Steven: Mäi Workshop besteet aus zwee Deeler. Ech wollt, datt d’Leit wierklech den traditionelle Prozess fir Plättercher ze maache léieren. Ech schwätzen a menger Aarbecht ganz vill iwwer perséinlech Fräiheet an an der Expo geet et jo och dorëms. D’Participantë wäerte véier Plättercher aus Leem gestalten, da kréie si eng Hausaufgab. Si musse sech iwwerleeë wat hir perséinlech Fräiheet ass an en Text schreiwen oder Biller molen. Dat zeechne si da mat wäissen a bloe Faarwen op déi fäerdeg Plättercher. D’Plättercher ginn herno nach eng Kéier gebrannt an da kënnen d’Participantë se an de Musée siche kommen.
Liliana: A mengem Workshop geet et och ëm Fräiheet.
Fir mech ass et wichteg d’Wuert ze dekonstruéieren. An der Geschicht vun
der Mënschheet gouf Fräiheet op ganz verschidden Aart a Weise
wouergeholl. Grad am Moment, am 21. Joerhonnert, gi mir duerch eng ganz
spezifesch Phas vu Fräiheet. Bei mir am Workshop geet et ganz konkret ëm
Cancel Culture, wat eng Aart vun Zensur ass, déi dacks op Social Media
ze gesinn ass, wat extrem präsent ass an eisem Liewen. Jiddereen ass
dovu betraff. Et geet och iwwer déi verschidden Interaktiounen, déi mir
als Matmënschen hunn. Mir liewen an enger Ära, wou mir wëlle
kommunizéieren, awer net weiderkommen. Et ass keng Diskussioun oder
Conversatioun do, d’Leit autozenséieren sech a soe Saachen net, well si
fäerten, datt et schlecht opgeholl gëtt. Wat oft da geschitt ass datt
mir eis zoumaachen. Et entsti Konflikter, déi een hätt vermeide kënne
wann ee just matenee geschwat hätt an oppe wier fir deem anere seng
Meenung ze héieren. Dat ass eng Fräiheet, déi hautdesdaags a Gefor ass
an déi e bësse verluer geet.
Dofir ass et wichteg dat ze thematiséieren, am Kader vun engem kreative Workshop. Al Zeitunge gi benotzt fir Blummen ze bastelen an dat Ganzt ass dann am Zesummenhang mat der Ausstellung an der Pressezensur, déi et deemools a Portugal gouf ënnert der Diktatur vum Estado Novo. Ech wëll, datt sech all Participantë fräi fillen sech auszedrécken, datt mir als Mënschen zesummekommen amplaz eis géigesäiteg ze cancellen. Fräiheet huet seng Limitten, mee et muss ee kënne fräi matenee schwätzen. Et ass net ëmmer alles schwaarz oder wäiss, et gëtt och ganz vill gro. A menger Visite guidée ass et mir wichteg eng Debatt ze kreéieren. Do funktionéiert déi ganz Symbolik vun der Blumm als Bild fir Fräiheet a Revolutioun ganz gutt, well si ass net nëmmen a Portugal wichteg, mee och an aner Länner.
Dir hutt jo och e Begleetheft fir d’Expo entwéckelt, wat virun allem – awer net nëmmen – Jugendlecher uschwätzen soll an d’Inhalter vun der Expo op interaktiver Aart a Weis erëmgëtt. Kéint dir eis e bësse méi iwwer d’Aarbecht am Heft erzielen? Wéi ass d’Iddi vum Scrapbook entstanen a wéi hutt dir de Look vum Heft entwéckelt?
Steven: Et geet jo ëm d’Geschicht, eppes wat viru 50
Joer geschitt ass. Mir hunn eis geduecht, et esou ze gestalten, wéi
wann et deemools erauskomm wier, mam Scotch, deen e bësse méi al
ausgesäit, mat Fotoen an Zeechnungen, wou drop gekrozelt ass. Dat Alt
mam Neie vermëschen.
Liliana: D’Jugendheft ass eng Feier vun eiser Zesummenaarbecht als Kënschtler. De Steven huet de Volet Design iwwerholl an ech hunn d’Illustratiounen an den Text virbereet. Mir si ganz verschidde Persoune mat verschidde Meenungen, konnten awer ëmmer alles debattéieren a gutt Léisunge fannen.
Wéi e Raum an der Expo huet iech am meeschten touchéiert? Wat ass bei iech hänkebliwwen?
Liliana: Et gëtt verschidde Räim, déi immens staark
sinn an der Expo. D’Mauer mat de Statistike fannen ech ganz gelongen,
datt net vill Leit an d’Schoul gaange sinn oder d’Emanzipatioun vu
Fraen. An de Raum, wou den afrikanesche Kontext ënnersicht gëtt, fannen
ech wichteg. A Portugal observéieren ech ganz oft, datt bei de
Festivitéite vum 25. Abrëll d’Kolonialkricher guer net thematiséiert
ginn. An dat ass den Haaptgrond firwat d’Revolutioun iwwerhaapt zustane
komm ass. Dowéinst ass et ëmsou besser datt d’Expo dës uschwätzt, och
well et zu Lëtzebuerg eng ganz grouss kapverdianesch Communautéit gëtt.
Steven: Wat mir am Kapp bliwwen ass, ass de Raum mat
den Temoignagen, och vun der Szenografie hier. An de Raum wou d’Musek
leeft. Allkéiers, wann ech d’Musek héiere, kréien ech Gänsehaut!
Liliana: Dat war dat nämmlecht um Vernissage wou d’Magaly (Teixeira) d’Lidd Grândola, Vila Morena
gesong huet. Op emol war jiddereen emotional an huet ugefaange mat
kräischen! Steven: Mir hunn dat net materlieft, mee dat ass esou en
„generational trauma“, dee matgeet. An ech, vläicht du och Liliana,
fille mech awer a Gefor, wann een esou gesäit wat alles a Portugal
geschitt, datt déi rietsextrem Partei Muecht gewënnt. Dat ass zimmlech
grujeleg an dat Lidd bedeit dann direkt méi, well mir erëm a sou eng
Richtung ginn.
Interview: Katja Taylor - Fotoen: Eric Chenal
Quelle: MuseoMag N°III 2024
De Steven Cruz an d’Liliana Francisco sinn d’Grënner vu La Concierge, eng Organisatioun, déi Kënschtler duerch Ausstellungen a Veranstaltungen ënnerstëtzt a fërdert. Méi Infoen op Instagram: laconcierge.lu