Mat der Ausstellung Dem Kutter seng Gesiichter war eist Uleies, de Champion am Kontext vum Rescht vun eiser Kutter-Sammlung ze weisen. Trotzdeem sollt et keng traditionell chronologesch Präsentatioun zum Gesamtwierk vum Kënschtler sinn, wéi dat schonns 1946, 1961, 1995 oder nach 2007 de Fall war. Wat besser wéi de Champion den anere Portraite géigeniwwer ze stellen?

Dem Kutter seng Gesiichter mécht deemno Referenz op d’mënschlech Duerstellungen, mee och déi verschidde Facettë vum Kënschtler selwer sou wéi och nei Aspekter an der Recherche zu sengem Wierk. Och huet sech de Moment gebuede fir eng aner Approche zu eiser Ausstellungskonzeptioun ze probéieren.

Niewent de bekannte Blummebiller a Landschaften, huelen d’Portraiten déi gréisste Plaz am Kutter sengem Gesamtwierk an. Vu senge fréien Ufäng a senger Studienzäit zu München mat méi enger akademescher Molweis bis zu den ikoneschen Duerstellungen aus den 30er Joren, huet den Nationalmusée eng vun de bedeitendste Kutter-Sammlungen iwwerhaapt. E wichtegen Deel dovunner gouf eis 2009 vun der Catherine Meyer-Kutter, dem Moler senger Duechter, hannerlooss.

An thematesche Kapitele weist d’Ausstellung als éischt déi ausgeräiften expressionistesch Wierker wou dem Kënschtler säin typesche markante Stil besonnesch gutt ze erkennen ass. Donieft fënnt een och de Kutter als Familljemënsch mat enger Rei méi intimisteschen Zeechnungen, wéi och Biller déi seng emotionell Isolatioun an der Krankheet refletéieren, oder nach d’Geschicht vum Haus vum Kënschtler – der berüümter Villa Kutter um Lampertsbierg. D’Rezeptioun vum Kutter sengem Wierk am Nationalmusée gëtt schliisslech duerch al Affichen, enger Rei Fotoen an eng Selektioun vu Literatur illustréiert.

Alternativ Approche

Obwuel Leit wéi de Joseph-Émile Muller, Jean Luc Koltz an Edmond Thill vill iwwert de Kutter recherchéiert a publizéiert hunn, ass iwwert d’Moltechnik vum Artist net vill gewosst. Am Kader vun der Nuit des Musées 2023 goufe verschidde Wierker aus eiser Sammlung méi technesch beliicht. Dat war och d’Occasioun fir eng éischt Recherche zum Kutter senger Moltechnik ze lancéieren. Dës Resultater sinn dann och mat an d’Ausstellung gefloss wou en eegent Kapitel méi Opschloss doriwwer gëtt. D’Materialtechnik confirméiert eis dem Kënschtler seng ënnerlech Konflikter an Ausernanersetzunge mat senge Kreatiounen.

D’raimlech Envergure vum Projet – an de Kutter- Säll – huet eis erlaabt d’Präsentatioun op eng alternativ Aart a Weis unzegoen. Nohaltegkeet an der Kultur ass eppes mat deem mir eis als Musée och aktiv ausernee setze wëllen. Verschidde vun eise Missioune sinn d’office an eng nohalteg Demarche ageschriwwen: selektiv sammelen a fir d’Zukunft bewaren souwéi eng Educatiouns- an Integratiounsroll. Dës reie sech deelweis schonns an déi 17 Nohaltegkeetsziler vun den UNO an. Als ëffentlech Institutioun spille mir eng aktiv Roll an der Gesellschaft déi e positiven Impakt bewierke kann an droen d‘Responsabilitéit vum Ureeger als Nationalmusée (Zil n° 4: eng héichwäerteg Bildung).

Refuse-repurpose

Eng responsabel Consommatioun a Productioun (Zil n° 12) vun eisem Projet ass iwwert de Prinzip vu Refuse-reduce-reuse-repurpose-recycle gelaf: Mir hu bewosst op extern Prête vu wäit hier verzicht och wann se pertinent fir eisen Narrativ gewiescht wären. Dës Ausstellung war och d’Occasioun fir en neien Apakmodell ze teste mat komplett weiderverwäertbare Materialien. Fir d’Szenografie hu mir eis decidéiert déi blo Mauere vun der Unger-Ausstellung weiderzebenotzen, an och al Elementer aus aneren Expoen ze recuperéieren.

D’Vitrinnen, Kaderen a Sockelen si schonns méi laang standardiséiert fir eng einfach Réutilisatioun. Och d’Ausstellungstexter op Stoff wäerten entweder an aneren szenografeschen Installatiounen oder als upgecycled Artikelen an eisem Muséesshop eng Weiderverwendung fannen. De Reschtoffall wäert schlussendlech no der Ausstellung recycléiert ginn. Well schonns sou vill iwwert de Kutter a säi Wierk geschriwwe gouf, hu mir dann och op en neie Katalog verzicht. Méi grouss Karteller kontextualiséiere verschidde Wierker an erlaben dem Visiteur trotzdeem méi déif an de Sujet anzetauchen.

Weider Moossname fir de Klimaschutz (Zil n° 13) si mir schonns d’lescht Joer am Wanter ugaangen. Mir sinn 2 Grad mat der Temperatur am Musée rofgaang fir Heizung a Klimatisatioun ze spueren. Mëttlerweil si mir och schonns wäitleefeg op Led- Luuchten ëmgestigen. Ausserdeem fänkt eis Botzequipe réischt um 8 Auer mat schaffen un, och wann dat heescht, datt si dann nach amgaang si wann de Musée bis op ass. Mee sou spuere mer all Dag zwou Stonne Beliichtung.

Obwuel eise Musée nach keen niddergeschriwwent Nohaltegkeetskonzept huet, si mer amgaang op verschiddenen Niveaue Projeten auszeschaffen, déi alternativ Richtunge ginn. Oft ass dat e Léierprozess vun trial and error bis datt e Konzept kann implementéiert ginn. Ausserdeem ass eng intern an extern Kommunikatioun a Collaboratioun gefrot fir sou vill wéi méiglech Leit an Institutiounen am Kultursecteur anzebannen an de néidegen Austausch ze fërderen.

Text: Lis Hausemer a Muriel Prieur - Biller: Eric Chenal

Quelle: MuseoMag N°III 2024