Ech hu mech schonn oft gefrot wéi dat wier en direkten Abléck an d’Geschicht ze kréien, einfach d’Leit aus der Zäit froen ze kënnen a sech net just op Bicher an Artikele bezéien ze mussen. Genau déi Éier hat ech dëse Summer: en direkten a ganz éierlechen Interview mam Schräiner Biver bei enger Taass Téi.
Gudde Moie Schräiner Biver! Ech hunn Iech an Ärem Schlof erwächt… dat deet mir fuerchtbar leed… Wéi geet et Iech?
O jo, Donneschdes Mueres ass deen Dag wou ech kann ausschlofen… Bon, ech hätt léiwer geschlof, mee ech verkraaften et.
Mir hunn héieren, Dir hutt sou eng schéi Melodiichen gesongen, ass dat e bestëmmte Lidd, oder just dat wat Iech an de Kapp kënnt, Moies fréi beim Fäerdegmaachen?
T‘ass bal ëmmer déi Nämmlecht… [laacht verleeën] .. wann ech Pippi maache ginn, kënnt déi mir sou an de Kapp. An dann huelen ech jo mäi Pottschamp do, also pot de chambre, an da geheien ech deen zur Fënster raus.
O! Ass dat da schonn engem op de Kapp gefall?
Nee, nee, nee, ech passe gutt op. Also Dir musst do och oppassen. Dir hutt jo wuel schonn héiere vun dem neie Gesetz? Wann een nëmmen eng Drëps op d’Schong kritt, da kann een e Steen huelen an huet d’Erlabnis meng Fënstere futti ze schéissen.
[Liicht schockéiert] Kennt Dir dann een deem dat scho geschitt ass? Glas ass jo onwarscheinlech deier!
Perséinlech net, awer ech hunn et schonn héieren. Lo méi an der Stad, hei zu Käerch do passe mir méi op. Hei ass jo och net sou vill Betrib wéi an der Stad.
Sidd Dir dann um Rez-de-chaussée oder um éischte Stack?
Also heiansdo sinn ech och uewen, awer dat hei alles ass de Rez-de-chaussée bei mir am Haus.
Mir setze jo hei bei Ärem Bett, an enger Schlofkummer, an ech muss einfach soen, et ass sou schéi gemaach, eng handwierklech Leeschtung. Hutt Dir dat selwer gemaach?
Jo, jo, jo [ganz äifereg]. Dat alles hei ass vu mir gemaach! T‘ass d’Käercher Stuff, sou gëtt et genannt. An d’Leit komme jo da bei mech an d’Haus, wann se wëllen eppes bestellen. Da gesinn se jo wéi ech schaffen. An dat hei ass schon ganz aalt Eechenholz aus der Géigend. Kuckt wéi verwurrelt dat Ganzt ass, dat war schonn eng Aarbecht fir dat ze maachen: dat ass alles op der Hand geschnidden a geschlaff… Ech war scho laang am Gaangen. Gesitt Dir déi Prezisioun mat där ech geschafft hunn?!
Majo, dat ass en Zeeche vu Qualitéit!
Majo sécher! Dat ass éischtens mol d’Qualitéit, an dann awer och d’Aart a Weis wéi et gemaach ass. D’Leit kommen net just hei vu Käerch bei mech. Bon, ech hu mir zwar hei mäin Numm gemaach… Waart Dir schonn hei an der Käercher Kierch?
Nee, bis elo nach net…
Ma do hunn ech mam Dikrecher do… wéi heescht e lo… den André Doyé vun Dikrech… de Sculpteur… mir hunn d’ganz Kierch do gemaach.
Asou do hutt Dir och mat dru geschafft?
Majo, majo, ech hunn do de ganzen Tabernakel an de Beichtstull
gemaach, mir hunn d’Dëscher an d‘Skulpturen gemaach… Also vill sinn do
menger Meenung, wann ech soen: et ass déi schéinste Kierch hei am Land!
Gitt eng Kéier kucken, ech zielen Iech do keng Spiichtecher!
Ech hu mir et notéiert!
Nee wierklech, gitt se kucken. Et ass e Meeschterwierk!
Wéi géing Dir dann Äre Stil beschreiwen – wann een d’Kierch
an d’Stuff betruecht? Ech gesinn hei iwwert dem Bett Blummemotiver, awer
dann um Schaf schafft Dir an enger ganz anerer Ästhetik – méi präzis,
méi filigran. Géingt Dir soen dass dat einfach d‘Entwécklung vun Ärem
Stil ass oder gitt Dir och vu Mataarbechter beaflosst?
Jo, genau esou. Ech entwéckele mech ëmmer weider. Kuckt deen do [hie
weist op de grousse Schaf lénks vum Bett], deen hunn ech net gemaach.
Dat war mäin Eedem.
Asou, Dir gitt awer sou vill Kontroll of. Wéi heescht dann Ären Eedem?
Guillaume Lamberjaques, heescht deen. Hien huet mäin Anne-Catherine
bestuet. A lo schaffe mir zesummen. Dat do ass e Meeschterwierk vun him.
Bon… Dir nennt dat méi präzis, filigran, oder sou, jo, dat kann ee gesi
wéi ee wëll, mee ech hu léiwer mäi Stil. Ech sinn do bëssi méi
naturverbonnen, net? An dann och ebe wéi ech an der Kierch geschafft
hunn… dat hat ech jo alles fir eiser Här gemaach, dofir hunn ech do jo
och näischt verdéngt…
Ah nee? D’Kierch bezilt net?
Nee, de
Paschtouer huet souguer d‘Kierch aus senger eegener Fortune, déi hien
ugesammelt hat, baue gelooss. An ech ka jo dann do net vill Sue froen…
an ech hu jo lo och eppes gemaach fir eiser Här, net? An dann de Moment, wann ech da bis eng Kéier net méi do sinn, wäert eiser Här jo dann drun denken, dass ech do… [d’Auer fänkt un ze lauden]. O hei, et ass schonn hallwer!
Ass et schonn sou spéit? Musse mir lo en Zant zouleeën?
Nee, et ass schonn an der Rei, lo ass mäi Mueren eriwwer. Jo, de Guillaume huet déi Auer do agebaut. Mir hunn dës Stuff jo sou zesumme gesat fir dass d’Leit kënne kucke kommen. Ech hu léiwer mäi Stil an hien säin.
Awer Dir schafft zesummen, et ass net wéi wann dir Iech dat net géingt gonnen?
Nee, nee, hien ass e gudde Jong. Hie kuckt gutt no mengem
Anne-Catherine. Sou laang hie gutt no mengem Meedche kuckt, sinn ech
zefridden. Am Atelier schaffe mir gutt zesummen… hien ass och een dee
sech eppes soe léisst. Dir gesitt jo wéi präzis hie schafft. Wann en net
bei mir gewiescht wier, da wier dat do och net derbäi eraus komm.
Et gesäit een, dass hie vun engem Meeschter ugeléiert gouf.
[ganz houfreg] Exactement!
Et ass schéi schnuckeleg hei bannen… Wéi maacht Dir dat fir Iech bei sou kalem, naassem Wieder waarm ze halen?
Ma ech hunn direkt hei den Uewe stoen, mat enger Tak eben…
Dir sot Tak, kënnt Dir mir erkläre wat dat ass?
[ganz verwonnert] Eng Tak? Nee? Ma dat ass déi gosse Plack déi tëscht
der Feierplaz an der Kichen an dem ugrenzendem Zëmmer ass. An déi gosse
Plack gëtt da vum Feier gewiermt, an déi ass dann och gläichzäiteg
d’Heizung vun deem anere Raum.
Ah, sou wéi déi schéi gosse Plack mam Mariebild hei am nächsten Zëmmer?
Jo ganz genau! Wann ech da mäi Feier maachen da gëtt déi waarm, an da
mécht ee säin Takeschaf op an da gëtt d‘Zëmmer gewiermt. Dee Schaf ass u
sech just un der Mauer drun.
Kann een dann och eppes an de Schaf leeën?
Nee, nee, Dir kënnt dach do näischt draleeën, dat gëtt jo ze waarm…
Och net Ärt Nuetshiem ier Dir an d’Bett gitt?
O dat wier eng gutt Iddi! [laachen allen zwee] Oh mee net dat deen
nach… oh, heinansdo gëtt déi Tak waarm soen ech Iech. Dofir hunn ech jo
un sech meng Uaschpaan hei.
Asou dat do nennt een dach op Däitsch Bettpfanne, an op Lëtzebuergesch ass dat eng Uaschpan?
Dir kënnt dat och eng Bettpaan nennen, mee hei zu Käerch ass dat eben eng Uaschpan, net?
Hutt Dir Iech dann dorun nach ni den Hënner verbrannt?
Ma nee! [ganz entsat] Ech loossen déi dach net am Bett leien!
Dir huelt déi eraus ier Dir Iech leet?
Majo,
ech hat Iech jo gesot: Et ass alles Stréi mäi Bett! An wann d’Uaschpan
mat de Kuele bëssi ze waarm gëtt, steet hei alles a Flamen! Dofir, dat
gëtt just ganz kuerz, mat wéineg Kuel, gehëtzt. Se ass jo aus Koffer –
dee leet jo d’Hëtzt ganz gutt. Am beschte mécht een d’Kuel och raus ier
een se ënner den Diwwi leet.
An Dir maacht dee ganzen Opwand just fir Iech oder deelt Dir Iech d’Bett?
Ma nee, hei schlofe mir zu dräi oder véier dran!
An dem klenge Bett?!
Deem klenge Bett? Ma jo, do ass eist Anne-Catherine, also ier et bestuet war, menger Fra dem Marechen, an eisem Klengen.
An Dir sëtzt dann am Bett?
Ma jo natierlech! Mir sëtzen am Bett, Dir net?!
Ech leie meeschtens…
Pardon?!
Ech ginn Iech lo mol e gudde Rot: leet Iech nimools an d’Bett, well et
ass just eng Kéier an Ärem Liewe wou Dir Iech leeë musst – an dat ass
wann Dir dout sidd. Wann Dir lo an d’Bett gitt, an Dir leet Iech… da
weess ech net op Dir nach eng Kéier erwächt! Also dat ass eng Gefor déi
ech net wéilt agoen! Ech hunn do vill ze vill Angscht!
Ech wosst guer net dass ech sou geféierlech liewen… Kritt Dir dann do Är aacht Stonne Schlof?
O,
Dir verschlooft jo Äert halleft Liewen! Mir brauchen net sou vill
Schlof! Mir setzen eis Owes zesummen an d’Bett, halen eis géigesäiteg
waarm, an dann, wann awer nach ee muss opstoen, hu mir hei [hie mécht
d’Réckewand vum Bett op] eng relativ Pièce unique, an da kann een an dat
anert Zëmmer verschwannen.
An sinn d’Riddoen och just fir d’Wäermt dobannen ze halen… oder fir dass keen Iech beim Schlofe ka beobachten?
Ojo… d’Wäermt… awer wësst Dir heiansdo wann ech mam Marechen aleng sinn zéie mir och mol d’Riddo zou…
Also Detailer musse mir lo net am MuseoMag festhalen…
Jo nee dat muss ech Iech och lo net zielen [laacht verleeën].
Text: Lisi Linster am Austausch mam Lex Gillen als de Schräiner Biver - Fotoen: Natalia Sanchez / Eric Chenal
Quell: MuseoMag N°IV 2024