Did you miss the conversation between the Luxembourgish artist Roland Schauls and our curator Lis Hausemer as part of the exhibition Dem Kutter seng Gesiichter? Not to worry! The talk was recorded and is now available online.

Säit den Ugangs 2000er Jore beschäftegt sech de Roland Schauls,deen a senge Biller gäre konschthistoresch Referenzen opgräift, ëmmer rëm mam Wierk vum Joseph Kutter. Well genee wéi beim Kutter spillt och beim Schauls d’mënschlech Figur, virun allem de Portrait, eng zentral Roll. Säi monumentaalt Wierk Portrait Society (1995-98), dat säit e puer Joer am Nationalmusée hänkt, illustréiert dës Faszinatioun mam Portrait, besonnesch mam Kënschtler Autoportrait. An engem Gespréich mat der Curatrice vun der Ausstellung schwätzt de Roland Schauls iwwert d’Konscht vum Portrait an d’Bedeitung vum Kutter sengem kënschtlereschen Iewen.